Konferenz a praktesch Formatioun iwwert Propolis


Françoise Sauvager, Tun Hoffmann
Nom Succès vun der Konferenz iwwert de Propolis op eisem läschte läschte Colloque invitéiert de Beieveräin Capellen op eng Konferenz a praktesch Formatioun iwwert Propolis.

Adress: Zu Olm, am Haus vum SICONA, 12 rue de Capellen

Freideg, 14 November, 19h00 - Konferenz vu der Madame Françoise Sauvager, Wëssenschaftlerin an der Microbiologie op der Universitéit Rennes, referéiert iwwert d’Origine an déi gutt Eegeschaften vum Propolis

Samschdes, 15 November, 9h00-16h30: Prakteschen Stage iwwert Hirstellung vun Produkten op der Basis vun Propolis, mat Mme Françoise Sauvager an Tun Hoffmann.

Onkäschtebäitrag: D’Deelhuelen un der Konferenz an dem prakteschen Stage kaschten näischt.
Mëttegiessen an d’Onkäschten fir Material (Samschdes) sinn op der Platz ze bezuelen.
Plaze si limitéiert (40 fir d’Konferenz, 20 fir d’Formatioun), dofir Umeldung am Viraus obligatoresch!
guy.schons@gmail.com oder Telefon 621 654 954
Memberen vum Beieveräin Capellen hu Virrecht

Seminar iwwert Dadant Betriebsweis

Praktesche Séminaire iwwert d’Betribsweis mam Dadant Magazin den 3. Mee 2014 zu Nouspelt

Eise Beien ass de Modell vun der Beiekëscht, an där si hiert Brutnascht maachen an de Hunneg sammelen, wahrscheinlech egal. Fir den Imker ass dat awer ee wichtege Choix, well spéider Investissementer (zB. weider Beievölker oder Hunnegschleider) dovun ofhänken.
DADANT ass eng zimlech gängeg Mooss, fir déi een bei deene meeschten Fournisseuren och ëmmer Ersatzmaterial ka kréien. DADANT Magaziner hu just ee Brutraum, wat de Beien entgéint kënnt an dem Imker d’Schaffen un de Beien erliichtert.

Programm

9h00 Rendez-vous zu Nouspelt, am Centre Culturel (Ancienne école 4, rue de l’école)
Accueil a Kaffi
9h30 Virstellen vun der Dadant Beiekëscht
Asaz vu Mëttelwänn am Brut- an am Hunnegraum, an Naturwabebau
Proppere Wues duerch den “oppene Wueskreeslaf”
10h30 Paus
Beien halen mam Dadant Magazin (Betribsweis)
Varroabehandlung
12h00 Mëttegiessen am “Café beim Armand” zu Nouspelt
13h30 Départ mam Auto op de Beiestand zu Dondel “Telpeschholz” (5’ mam Auto)
14h00 Praxis um Beiestand
Erstellen vu jonke Beievölker
17h00 Enn vum Séminaire

Fir Kaffi a a Gedrénks während de Pausen ass gesuergt.

Umeldung beim Sekretär Guy Schons, T. 35 61 62, guy.schons@gmail.com
Bedeelegung un den Onkäschten (incl. Mëttegiessen, Gedrénks während de Pausen an eng schrëftlech Dokumentatioun iwwert Dadant Betribsweis): 20 Euro, am Viraus ze iwwerweisen op den CCPL LU73 1111 0002 4349 0000, bis spéitstens den 25. Abrëll 2014. D’Iwwerweisung gëllt als Umeldung. Aus praktesche Grënn ass d’Zuel vun den Teilnehmer op 40 begrenzt.

Interesséiert Leit kënne vum Veräin eng komplett équipéiert Dadant Beiekëscht, mat engem jonke Beievollek kafen.

D’Beiekëschte gi Sonndes, den 13. Abrëll, op der 27. Internationale Fréijorsversammlung fir Imker zu Keespelt geliwwert a mussen do op der Plaz ewech geholl ginn. Bis zum Séminaire bleift dann Zäit fir d’Këschten doheem mat enger ëmweltfrëndlecher Fuerw unzesträichen.
Während dem Séminaire huet een d’Méiglechkeet d’Mëttelwänn an d’Rimmercher anzeléiden.
D’Völker, mat jonke Kinniginnen, gi Nomëttes am Séminaire a Form vun Ableger an d’Dadant Magaziner gesat a kënne géint der Owend vun hiren zukënftege Propriétairen ewech geholl ginn.

Et sti maximal 30 Këschten a Beievölker zur Verfügung.
Umeldung beim Sekretär Guy Schons, T. 35 61 62, guy.schons@gmail.com
Eng komplett equipéiert Dadant Beiekëscht(*) mat engem jonke Beievollek kascht 290 Euro, am Viraus ze iwwerweisen op den CCPL LU73 1111 0002 4349 0000, bis spéitstens de 7. Abrëll 2014. D’Iwwerweisung gëllt als Bestellung.

(*) Gitterbuedem, Brutraum mat Rimmercher a Mëttelwänn, Absperrgitter, 2 Hunnegräim mat Rimmercher a Mëttwänn, Holzdeckel mat Isolatioun, Fuddertrach, Blechdeckel)

27e Colloque apicole international / 27. Internationale Imkerversammlung

Dimanche / Sonntag 13 Avril 2014

Adresse: 35 Rue Pierre Dupong, Keispelt, Luxembourg

Une des les plus grandes réunions d’apiculteurs de la Grande Région, avec la participation d’apiculteurs de Belgique, d’Allemagne, de France et du Luxembourg.
Eine der größten Imkerversammlungen der Großregion, mit der Teilnahme von Imkern aus Belgien, Deutschland, Frankreich und Luxemburg.

Programme / Programm

10h00 Exposé de Diego Pagani, Apiculteur professionnel italien, certifié bio et président de la CONAPI (Association des apiculteurs bio italiens):
- Fonctionnement de la CONAPI (la plus grande coopérative italienne de miel bio)
- Exploitation apiculture bio de 900 ruches, traitement du varroa
10h00 Vortrag von Diego Pagani, Berufsimker aus Italien, Vorsitzender der CONAPI (Vereinigung der italienischen Bioimker)
- Betrieb der CONAPI (grösste italienische Biohonig Genossenschaft)
- Bewirtschaftung einer Bioimkerei mit 900 Völkern, Varroabehandlung

12h00 Pause déjeuner / Mittagessen

14h00 Conférence de Mme Françoise Sauvager, pharmacienne, maître de conférence à l’Université de Rennes:
- Les origines, les vertus et bienfaits de la propolis.
14h00 Vortrag von Frau Françoise Sauvager, Apothekerin, Referentin an der Universität Rennes:
- Herkunft und Heilkraft von Propolis
Eine Übersetzung der Vorträge in deutscher Sprache wird gewährleistet.

Exposants/ Aussteller
- Carl Fritz Imkereibedarf (www.carl-fritz.de)
- Imkertechnik Wagner (www.imkertechnikwagner.de)
- Natural Life style - Schutzkleidung für Imker (www.naturallifestyle.be)