Generalversammlung 2017

Eis Generalversammlung ass den Samschdes, den 21. Januar 2017 um 15h30 am Hotel-Restaurant Jacoby zu Klengbetten.

Programm

  1. Begréissung, duerch de President Roger Dammé
  2. Tätegkeetsbericht 2016, duerch de Sekretär Guy Schons
  3. Keessebericht 2016, duerch den Trésorier Pierre Kieffer
  4. Bericht vun de Keesserevisoren
  5. Festleeën vun der Cotisatioun fir 2018
  6. Deelweis Erneierung vum Comité
    Et trieden aus a kënnen erëm gewielt ginn: Gidt Georges, Glesener Georges, Guth Jos, Jung Guy, Kieffer Pierre, Schons Guy, Thewes Frank
    Zousätzlech ass 1 fräi Platz ze besetzen.
    Kandidaturen si bis virum Ufank vun der Generalversammlung schrëftlech un de President ze riichten: Roger Dammé, 28 Cité Charles de Gaulle, L-4951 Bascharage, oder per Mail un roger.damme@yahoo.com
  7. Programm 2017 an 2018
  8. Fräi Aussprooch
Uschléissend ee Beitrag vum Jos Guth iwwert di aktuell Situatioun vun eise Beievolleker,
mat engem Réckbléck op d’Beiejoer 2016 an engem Ausbléck op 2017.

Cotisatioun 2017

Mer bieden Iech d’Cotisatioun fir 2017 vu 45 Euro (50 Euro fir Memberen mat Adress ausserhalb vu Lëtzebuerg) op eise Postscheck LU73 1111 0002 4349 0000 mat der Mentioun “Cotisatioun 2017” bis spéitstens den 31. Januar 2017 ze iwwerweisen.

Iessen

De Veräin offréiert all Member no der Generalversammlung Ham, Fritten an Zalot.
Umeldung bis spéitstens den 14. Januar beim Sekretär (621 654 954 oder guy.schons@gmail.com). Net-Memberen kënne natierlech och mat iessen, mussen sech awer un den Onkäschten bedeelegen.

Séminaire de dégustation de miels

Als Virbereedung ob den Hunnegconcours organiséiert de Beieveräin Capellen ee

Séminaire de dégustation de miels

ënnert der Leedung vum Etienne Bruneau (CARI Louvain-la-neuve)
Samschdes, den 11. Juni, 10-17h, am Centre culturel zu Nospelt.

All Interesséiert Leit kënne matmaachen. Mam Deelhuelen um Cours huet een och d’Méiglechkeet sech an de Jury vun eisem Hunnegconcours ze mellen.

Programm

9h45 Accueil et café
10h00 Principes de base des analyses organoleptiques
           Découverte des grandes classes aromatiques des miels
12h00 Pause déjeuner am Café beim Armand zu Nospelt
13h30 Concours de miels : principes de base et fiches de dégustation
           Simulation d’un concours
Aus praktesche Grënn ass d’Zuel vun den Teilnehmer begrenzt. Eng Umeldung am Viraus ass dofir obligatoresch. Umellen kann ee sech beim Guy Schons, T. 35 61 62, guy.schons@gmail.com, bis spéitstens de 7. Juni. D’Käschten fir d’Mëttegiessen a Gedrénks vun 20 Euro sinn am Viraus ze iwwerweisen op den CCPL LU73 1111 0002 4349 0000.

Seminar iwwert Zuucht vu Kinniginnen mam Jos Guth

De Beieveräin Capellen organiséiert ee

Praktesche Cours iwwert d’Zuucht vu Kinniginnen, mat individueller Aweisung an d'Ëmlarven!

Den 21. Mee 2016 um 13h00 beim Jos Guth zu Trintange

Zuucht vu Kinniginnen ass manner komplizéiert wéi dat oft duergestallt gëtt. De Jos weist eis, wéi een och als Imker mat nëmmen e puer Beievölker mat einfache Mëttelen ka Kinniginnen ziichten.

Aus praktesche Grënn ass d’Zuel vun den Teilnehmer op 30 begrenzt. Eng Umeldung am Viraus ass dofir obligatoresch. Umellen kann ee sech beim Guy Schons, T. 35 61 62, guy.schons@gmail.com, bis spéitstens de 17. Mee. D'Participatioun kascht näischt.
Fir Gedrénks während de Pausen ass gesuergt.

Dadant Seminar

23. Abrëll 2016 - Nouspelt - De Beieveräin Capellen organiséiert ee praktesche Séminaire iwwert d’Betribsweis mam Dadant Magazin

Eise Beien ass de Modell vun der Beiekëscht, an där si hiert Brutnascht maachen an de Hunneg sammelen, wahrscheinlech egal. Fir den Imker ass dat awer ee wichtege Choix, well spéider Investissementer (zB. weider Beievölker oder Hunnegschleider) dovun ofhänken.
DADANT ass eng zimlech gängeg Mooss, fir déi een bei deene meeschten Fournisseuren och ëmmer Ersatzmaterial ka kréien. DADANT Magaziner hu just ee Brutraum, wat de Beien entgéint kënnt an dem Imker d’Schaffen un de Beien erliichtert.

Programm
9h00 Rendez-vous zu Nouspelt, am Centre Culturel (Ancienne école 4, rue de l’école)
Accueil a Kaffi

9h30 Virstellen vun der Dadant Beiekëscht:
Asaz vu Mëttelwänn am Brut- an am Hunnegraum, an Naturwabebau
Proppere Wues duerch den “oppene Wueskreeslaf”
Beien halen mam Dadant Magazin (Betribsweis)
Varroabehandlung

12h00 Mëttegiessen am “Café beim Armand” zu Nouspelt

13h30 Départ mam Auto op de Beiestand zu Dondel “Telpeschholz” (5’ mam Auto)

14h00 Praxis um Beiestand:
Ableger maachen a Kinniginnenzellen anhänken
Varroabehandlung mat Ameisensäure mam Nassenheider Verdunster

17h00 Enn vum Séminaire

Fir Kaffi a a Gedrénks während de Pausen ass gesuergt.

Umeldung beim Sekretär Guy Schons, T. 35 61 62, guy.schons@gmail.com. 
Bedeelegung un den Onkäschten (Mëttegiessen a Gedrénks während de Pausen) 20 Euro, am Viraus ze iwwerweisen op den CCPL LU73 1111 0002 4349 0000. D’Iwwerweisung gëllt als Umeldung.
Aus praktesche Grënn ass d’Zuel vun den Teilnehmer op 40 begrenzt. Memberen vum Veräin hu Virrecht.

29. Internationale Frühjahrsversammlung / Colloque international

20.3.2016 - Keispelt,35 rue Pierre Dupong

Eine der größten Imkerversammlungen der Großregion
Une des plus importantes réunions d'apiculteurs dans la grande région

Erënnerung un ee flotte Colloque!

Programm

9h00 Kaffee & Croissants, Öffnung der Ausstellung / Ouverture de l'exposition

10h00 Eröffnung / Ouverture

Vortrag von Georges Gidt, Imker aus Dondelange (L): Erfahrungen mit Ameisensäurebehandlung mit dem Nassenheider Verdunster.
Exposé de Georges Gidt, apiculteur à Dondelange (L): Expérience avec le traitement à l’acide formique avec l’évaporateur „Nassenheider professional“

Vortrag von Paul Jungels, Berufsimker aus Brandenburg (L): Varroaresistenz ist keine Utopie!
Exposé de Paul Jungels, Apiculteur professionnel à Brandenbourg (L): La résistance contre le varroa n’est plus une utopie !

12h00 Mittagspause / Déjeuner

Vortrag von Christoph Koch, Imkermeister aus Oppenau/Schwarzwald (D): Haben wir noch die richtige Brutnesttemperatur? Welche Faktoren haben hier Einfluss? Welche Rolle hat dabei der Imker?
Exposé de Christoph Koch, Apiculteur professionnel à Oppenau / Forêt noire (D): Avons-nous encore la bonne température de couvain dans nos ruches ? Quels sont les facteurs qui influencent la température ? Quel est ici le rôle de l’apiculteur ?

Gegen 16.30 Uhr: Ende der Veranstaltung
Fin de la manifestation vers 16h30.

Die Vorträge werden parallel auf Deutsch und Französisch gehalten.
Les exposés sont tenus parallèlement en langue française et allemande.

Freier Eintritt / Entrée gratuite

Aussteller / Exposants
- Carl Fritz Imkereibedarf (www.carl-fritz.de)
- Imkertechnik Wagner (www.imkertechnikwagner.de)
- Natural Life style - Schutzkleidung für Imker (www.naturallifestyle.be)
- CUMNATURA / Imkergut (www.imkergut.de)

Generalversammlung 2016

30.1.2016 -
Léif Imkerinnen an Imker,
De Comité wënscht Iech all e glécklecht an erfollegräicht Joer 2016!
Heimat luede mer Iech an Är Famill an op eis

Generalversammlung

e Samschdeg, 30. Januar 2016 um 15.00 Auer zu Klengbetten, am Hotel-Restaurant Jacoby


Programm

  1. Begréissung - Roger Dammé (President)
  2. Tätegkeetsbericht 2015 - Guy Schons (Sekretär)
  3. Keessebericht 2015 - Pierre Kieffer (Trésorier)
  4. Bericht de Keesserevisoren Lex Kraus an Mario Schmitz
  5. Erhéiung vun der Cotisatioun ab 2017
    D’FUAL Delegéierteversammlung huet den 22.3.2015 décidéiert fir de Beitrag, den all Veräin fir all Member un d’FUAL muss oftrieden, vun 30 op 40 Euro eropzesetzen. Mär mussen dofir eis Cotisatioun upassen.De Comité proposéiert der Generalversammlung d’Cotisatioun vu 35 op 45 Euro pro Joer ze héijen
  6. Ophuelen vu neie Memberen an de Comité
    Aktuell sinn 2 Plazen am Comité fräi. Kandidaturen musse virun der Generalversammlung schrëftlech beim President oder beim Vize-President agereecht ginn.
  7. Virstellen vum Programm 2016
  8. Fräi Aussprooch

Uschléissend Diskussioun iwwert folgend Themen

  • Erfahrungen an der Varroabehandlung mam Nassenheider Verdunster (Georges Gidt)
  • Beroder-Service vun der FUAL a Varroamonitoring (Andreas Reichart, Beieberoder)
  • Afloss vum waarme Wieder op d’Iwwerwanterung vun eise Beien (Jos Guth)

Cotisatioun 2016

Mer bieden Iech de Beitrag 2016 (35 Euro, 42 Euro fir Memberen mat Adress ausserhalb vu Lëtzebuerg) op eise Postscheck LU73 1111 0002 4349 0000 mat der Mentioun “Cotisatioun 2016” ze iwwerweisen.
All Member soll seng Cotisatioun bis spéitstens op der Generalversammlung bezuelt hunn.
De Beitrag kann och nach virun der Versammlung un de Caissier bezuelt ginn.

Iessen

De Veräin offréiert all Member no der Generalversammlung Ham, Fritten an Zalot.
Umeldung bis spéitstens den 22. Januar beim Sekretär (621 654 954 oder guy.schons@gmail.com)! NetMemberen kënne natierlech och mat iessen, mussen sech awer un den Onkäschten bedeelegen.

Mat beschte Gréiss,
Fir de Comité,
Guy Schons