Praktesche Cours iwwert d’Zuucht vu Kinniginnen

De Beieveräin Capellen organiséiert ee

Praktesche Cours iwwert d’Zuucht vu Kinniginnen, mat individueller Aweisung an d'Ëmlarven!

Den 27. Mee 2017 um 13h00 beim Jos Guth zu Trintange

Zuucht vu Kinniginnen ass manner komplizéiert wéi dat oft duergestallt gëtt. De Jos weist eis, wéi een och als Imker mat nëmmen e puer Beievölker mat einfache Mëttelen ka Kinniginnen ziichten.

Aus praktesche Grënn ass d’Zuel vun den Teilnehmer op 30 begrenzt. Eng Umeldung am Viraus ass dofir obligatoresch. Umellen kann ee sech beim Guy Schons, T. 35 61 62, guy.schons@gmail.com, bis spéitstens de 23. Mee. D'Participatioun kascht näischt.
Fir Gedrénks während de Pausen ass gesuergt.

Cours Hunneg Veraarbechtung

De Beieveräin Capellen organiséiert ee Cours iwwert di richteg Veraarbechtung vun Hunneg

15. Juli 2017, 9h30-12h00, 11 Rue du Moulin, Dondelange

D’Konscht vum Imker besteet ënnert anerem doran dee fäerdegen Hunneg aus de Waben an d’Glas ze kréien: Den Hunneg esou schounend wéi méiglech schleideren, beaarbechten a propper afëllen, fir dem Konsument ee beschtméigleche Produit kënnen unzebidden.
  • Wéi wielen ech dee richtegen Termin fir ze schleideren?
  • Wat sinn d’Virdeeler vun enger Bienenflucht?
  • Wéi organiséieren ech mäi Schleiderraum?
  • Entdeckelen
  • Schleideren
  • Siften
  • Réieren
  • Wéini ass de richtegen Zäitpunkt fir en an d’Glas ze fëllen?
  • Wéi soll ech mäin Hunneg lageren?
  • Wéi kann ech vermeiden ech dass mäin Hunneg net dréchen genuch ass?
  • Firwat soll ech mäin Hunneg vun der Marque nationale kontrolléieren loossen?
Fir Gedrénks während de Pausen ass gesuergt. Nom Cours gëtt op der Plaz eppes Klengs gegrillt.
Aus praktesche Grënn ass d’Zuel vun den Participanten op 25 begrenzt. Eng Umeldung am Viraus ass dofir obligatoresch. Umellen kann ee sech beim Guy Schons, T. 35 61 62, guy.schons@gmail.com, bis spéitstens de 10. Juli.

De Cours soll och eng gutt Virbereedung sinn fir den Hunnegconcours am November.

30. Internationale Frühjahrsversammlung / Colloque international

de Beieveräin Capellen
invitéiert op den
30. Internationale Colloque
9. Abrëll 2017 zu Keispelt

eng vun de gréissten Imkerversammlungen an der Groussregioun
Teilnehmer aus der Belsch, Däitschland, Frankräich a Lëtzebuerg
Grouss Ausstellung vun Equipementer fir di nei Saison

9h00 Kaffi a Croissants, Ouverture vun der Ausstellung

10h00 Propolis et cancer: Etat de la recherche
Dr. Lilian CEBALLOS - Dr en Pharmacie et en Biologie de l'Évolution et Écologie / Apotheker und Dr der Biologie der Evolution und Ökologie
La propolis présente de nombreuses propriétés pharmacologiques. Cette revue de la recherche abordera les bénéfices d'une association avec les traitements de chimiothérapie ou radiothérapie, mais aussi l'intérêt de la propolis dans le cadre de la prévention du cancer
Pharmakologische Eigenschaften der Propolis; Ergänzung und Unterstützung von Chemo- und Radiotherapie; Bedeutung von Propolis bei der Vorbeugung von Krebs

12h00 Mëttespaus; Mär zerwéieren eng gutt Gulaschzopp


14h00 Frelon asiatique: Och gläich bei eis am Land?

An Zesummenaarbecht mat
http://www.cra.wallonie.be/frhttp://www.environnement.public.lu/functions/apropos_du_site/anf/index.html

Dr. Michel DE PROFT - Directeur scientifique / Wissenschaftlicher Leiter CRA-W
Le frelon asiatique: Extension de la pullulation en Europe, biologie de l’insecte, prédation sur les abeilles, détection des infestations, neutralisation des nids (bonnes et mauvaises pratiques)
Die Asiatische Hornisse: Starke Vermehrung in Europa; Biologie; Fressfeind der Honigbienen; Erkennen eines Befalls; Neste neutralisieren (gute und schlechte Praktiken)

Dr. Jan HERR - Ingénieur auprès de l’ANF
La future gestion du frelon asiatique au Luxembourg: Obligations, acteurs et collaboration
Management der asiatischen Hornisse in Luxemburg: gesetzliche Pflichten, Akteure und Zusammenarbeit

Géint 17h Enn vum Colloque

Aussteller
http://www.naturallifestyle.be/
http://www.carl-fritz.de/
https://www.imkertechnik-wagner.de/
https://imkergut.de/