Visite vun der Belegstell Féngeg mat Grillowend

e Freideg, den 13. Juli 2018 vun 17h00 un.


De Beieveräin Capellen organiséiert vun 17 Auer un op der Belegstell zu Féngeg folgend Aktivitéiten:
  
·         Besichtegung vun der Belegstell
·         Ableger maachen (Jos Guth)
·         Hirstellen vun “Mini” (Jos Guth)
·      Demonstratioun Varroabehandlung mat Seejomes Saier (Georges Gidt)

D ‘Zuel vun den Teilnehmer ass net begrenzt. Eng Umeldung am Viraus beim Sekretär ass aus organisatoreschen Grënn erwënscht; wéinst dem kuerzen Termin w.e.g. esou séier wéi méigeleg awer bis spéitstens en Donnegedeg den Moien (12 Juli).
D ‘Participatioun kascht näischt.
Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.

Praktesche Cours iwwert d’Zuucht vu Kinniginnen

De Beieveräin Capellen organiséiert och dest Joer ee praktesche Cours iwwert d‘Zuucht vu Kinniginnen, mat individueller Aweisung an d' Ëmlarven.
Den Cours ass den 26. Mee 2018 um 13h00 beim Jos Guth zu Trënteng (Trintange)

Zuucht vu Kinniginnen ass manner komplizéiert wéi dat oft duergestallt gëtt. De Jos weist eis, wéi een och als Imker mat nëmmen e puer Beievolleker mat einfache Mëttelen ka Kinniginnen ziichten.

Aus praktesche Grënn ass d ‘Zuel vun den Teilnehmer op 30 begrenzt. Eng Umeldung am Viraus ass dofir obligatoresch.
Umellen kann ee sech beim Guy Schons, bis spéitstens den 21. Mee (guy.schons@gmail.com).
D ‘Participatioun kascht näischt.
Fir Gedrénks während de Pausen ass gesuergt.

Colloque international 2018

de Beieveräin Capellen invitéiert op den

31. Internationale Colloque

den 25. Mäerz 2018

35, rue Pierre Dupong  L- Keespelt


eng vun de en vun den gréissten Imkerversammlungen an der Groußregioun;
Participanten aus der Belsch, Däitschland, Frankräich a Lëtzebuerg;
Grouss Ausstellung vun Équipementer vir déi nei Saison!

Programm :
9h00                Kaffi a Croissant, Ouverture vun der Ausstellung.

10h00        Ureegungen  zur Ablegerbildung -  Jos Guth
Ableger Bildung ouni Schwächung vun den Wirtschaftsvolleker. Secheren vum Beiebestand duerch Kompenséieren bei Volleksverloschter duerch d’Varroa. Virstellung vun Material.

12h00             Mëttegpaus mat Gulaschzopp

14h00        Invasionsverhalten und Spätvermehrung nach der Behandlung der Varroamilbe August-September
-  Eva Frey Dr. sc. Agr. Landesanstalt für Bienenkunde (Hohenheim).
Biologie, Verbreitung der Milbe, Invasionsverhalten, alternative Behandlungsmöglichkeiten, aktuelles persönliches Projekt zur Selektion Varroatoleranz.

17h00             Enn vum Colloque

Aussteller :
·         Carl Fritz Imkereibedarf (www.carl-fritz.de )
·         Imkertechnik Wagner (www.imkertechnikwagner.de )
·         Natural Life style - Schutzkleidung für Imker (www.naturallifestyle.be )
·         CUMNATURA / Imkergut (www.imkergut.de )