Visite vun der Belegstell Féngeg mat Grillowend

e Freideg, den 13. Juli 2018 vun 17h00 un.


De Beieveräin Capellen organiséiert vun 17 Auer un op der Belegstell zu Féngeg folgend Aktivitéiten:
  
·         Besichtegung vun der Belegstell
·         Ableger maachen (Jos Guth)
·         Hirstellen vun “Mini” (Jos Guth)
·      Demonstratioun Varroabehandlung mat Seejomes Saier (Georges Gidt)

D ‘Zuel vun den Teilnehmer ass net begrenzt. Eng Umeldung am Viraus beim Sekretär ass aus organisatoreschen Grënn erwënscht; wéinst dem kuerzen Termin w.e.g. esou séier wéi méigeleg awer bis spéitstens en Donnegedeg den Moien (12 Juli).
D ‘Participatioun kascht näischt.
Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.