De Beieveräin Capellen organiséiert ee Cours iwwert di richteg Veraarbechtung vun Hunneg

15. Juli 2017, 9h30-12h00, 11 Rue du Moulin, Dondelange


D’Konscht vum Imker besteet ënnert anerem doran dee fäerdegen Hunneg aus de Waben an d’Glas ze kréien: Den Hunneg esou schounend wéi méiglech schleideren, beaarbechten a propper afëllen, fir dem Konsument ee beschtméigleche Produit kënnen unzebidden.

  • Wéi wielen ech dee richtegen Termin fir ze schleideren?

  • Wat sinn d’Virdeeler vun enger Bienenflucht?

  • Wéi organiséieren ech mäi Schleiderraum?

  • Entdeckelen

  • Schleideren

  • Siften

  • Réieren

  • Wéini ass de richtegen Zäitpunkt fir en an d’Glas ze fëllen?

  • Wéi soll ech mäin Hunneg lageren?

  • Wéi kann ech vermeiden ech dass mäin Hunneg net dréchen genuch ass?

  • Firwat soll ech mäin Hunneg vun der Marque nationale kontrolléieren loossen?

Fir Gedrénks während de Pausen ass gesuergt. Nom Cours gëtt op der Plaz eppes Klengs gegrillt.
Aus praktesche Grënn ass d’Zuel vun den Participanten op 25 begrenzt. Eng Umeldung am Viraus ass dofir obligatoresch. Umellen kann ee sech beim Guy Schons, T. 35 61 62, Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein., bis spéitstens de 10. Juli.

De Cours soll och eng gutt Virbereedung sinn fir den 
Hunnegconcours am November.