Generalversammlung 2016

 
30.1.2016 -
Léif Imkerinnen an Imker,
De Comité wënscht Iech all e glécklecht an erfollegräicht Joer 2016!
Heimat luede mer Iech an Är Famill an op eis

Generalversammlung

e Samschdeg, 30. Januar 2016 um 15.00 Auer zu Klengbetten, am Hotel-Restaurant Jacoby


Programm

  1. Begréissung - Roger Dammé (President)
  2. Tätegkeetsbericht 2015 - Guy Schons (Sekretär)
  3. Keessebericht 2015 - Pierre Kieffer (Trésorier)
  4. Bericht de Keesserevisoren Lex Kraus an Mario Schmitz
  5. Erhéiung vun der Cotisatioun ab 2017
    D’FUAL Delegéierteversammlung huet den 22.3.2015 décidéiert fir de Beitrag, den all Veräin fir all Member un d’FUAL muss oftrieden, vun 30 op 40 Euro eropzesetzen. Mär mussen dofir eis Cotisatioun upassen.De Comité proposéiert der Generalversammlung d’Cotisatioun vu 35 op 45 Euro pro Joer ze héijen
  6. Ophuelen vu neie Memberen an de Comité
    Aktuell sinn 2 Plazen am Comité fräi. Kandidaturen musse virun der Generalversammlung schrëftlech beim President oder beim Vize-President agereecht ginn.
  7. Virstellen vum Programm 2016
  8. Fräi Aussprooch

Uschléissend Diskussioun iwwert folgend Themen

  • Erfahrungen an der Varroabehandlung mam Nassenheider Verdunster (Georges Gidt)
  • Beroder-Service vun der FUAL a Varroamonitoring (Andreas Reichart, Beieberoder)
  • Afloss vum waarme Wieder op d’Iwwerwanterung vun eise Beien (Jos Guth)

Cotisatioun 2016

Mer bieden Iech de Beitrag 2016 (35 Euro, 42 Euro fir Memberen mat Adress ausserhalb vu Lëtzebuerg) op eise Postscheck LU73 1111 0002 4349 0000 mat der Mentioun “Cotisatioun 2016” ze iwwerweisen.
All Member soll seng Cotisatioun bis spéitstens op der Generalversammlung bezuelt hunn.
De Beitrag kann och nach virun der Versammlung un de Caissier bezuelt ginn.

Iessen

De Veräin offréiert all Member no der Generalversammlung Ham, Fritten an Zalot.
Umeldung bis spéitstens den 22. Januar beim Sekretär (621 654 954 oder Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.)! NetMemberen kënne natierlech och mat iessen, mussen sech awer un den Onkäschten bedeelegen.

Mat beschte Gréiss,
Fir de Comité,
Guy Schons