Aktualitéiten

Den Ament ass déi asiatesch Runn och hei zu Lëtzebuerg heemesch an uerchter d' ganz Land ginn Näschter fonnt. Leider oft ze spéit fir se ze zerstéieren. Net nëmme mir Beieleit hu Problemer domat. Och heemesch Insekten, besonnesch eis europäesch Runn, déi eng geschützten Art ass, geroden ënner Drock. Weider Informatiounen hei.

Eise kantonale Veieveräin a séng Aktivitéiten

Als Member vum Beieveräin an ärem oder engem anere Kanton hutt Dir e puer Videeler:

  • Dir kritt regelméisseg mat der Post déi aktuell Beienzeitung. Hei kënnt Dir déi eeler Ausgabe liesen.
  • Mir hun eng kollektiv Assurance fir eis Memberen.
  • Dir kënnt Fudderzocker a Behandlungsmëttele zu Memberskonditioune bei eis bestellen.
  • Dir gitt mat Zäit iwwer alles informéiert, wat mir fir Iech maachen.

Fir Member ze ginn, schéckt eng Email mat ärem Numm, ärer Postadress an ärer Telefonsnummer un de Webmaster vun deem heite Site an iwwerweist d' Cotisatioun vu 45.-€ op eise Postscheck LU73 1111 0002 4349 0000 mat der Mentioun “Cotisatioun”. Duerno gitt dir bei der Beiefederatioun ugemellt. Vun do u kritt Dir all Joers matgedeelt, wéini déi nei Cotisatioun ze bezuelen ass.

Wat mir soss nach esou maachen:

MëttelwännBeiefudderBehandlungsmëttelBegattungsplaz

Zu Lëtzebuerg sinn d’ Beieveräiner a Kantoner agedeelt. All Kanton ee Veräin. Déi 12 Kantonalveräiner hunn als Daachverband d’ FUAL (Fédération des Unions d'Apiculteurs du Grand-Duché de Luxembourg). Am einfachsten ass et fir Beieleit, si schaffe mat dem Veräin aus hirem Kanton zesummen. Dat ass awer kéng Mussesaach.

Net all Kantonalveräin bitt all beiebezunne Servicer un. Wat am Ganzen ugebuede gëtt, fannen interesséiert Beieleit op der Säit vun der FUAL. Mir am Kantonalveräin Capellen organiséiere virun allem Mëttelwänn aus Beiewues ze walzen, de kollektiven Akaf an d’ Verdeelung vu Beiefudder, d’ Verdeelung vu Behandlungsmëttelen an d’ Verwaltung vun der Begattungsplaz zu Féngeg.

Wer sich für die 1884 begonnene Vereinsgeschichte interessiert, findet hier eine Zusammenfassung.