Dadant Seminar

 

23. Abrëll 2016 - Nouspelt - De Beieveräin Capellen organiséiert ee praktesche Séminaire iwwert d’Betribsweis mam Dadant Magazin

Eise Beien ass de Modell vun der Beiekëscht, an där si hiert Brutnascht maachen an de Hunneg sammelen, wahrscheinlech egal. Fir den Imker ass dat awer ee wichtege Choix, well spéider Investissementer (zB. weider Beievölker oder Hunnegschleider) dovun ofhänken.
DADANT ass eng zimlech gängeg Mooss, fir déi een bei deene meeschten Fournisseuren och ëmmer Ersatzmaterial ka kréien. DADANT Magaziner hu just ee Brutraum, wat de Beien entgéint kënnt an dem Imker d’Schaffen un de Beien erliichtert.

Programm
9h00 Rendez-vous zu Nouspelt, am Centre Culturel (Ancienne école 4, rue de l’école)
Accueil a Kaffi

9h30 Virstellen vun der Dadant Beiekëscht:
Asaz vu Mëttelwänn am Brut- an am Hunnegraum, an Naturwabebau
Proppere Wues duerch den “oppene Wueskreeslaf”
Beien halen mam Dadant Magazin (Betribsweis)
Varroabehandlung

12h00 Mëttegiessen am “Café beim Armand” zu Nouspelt

13h30 Départ mam Auto op de Beiestand zu Dondel “Telpeschholz” (5’ mam Auto)

14h00 Praxis um Beiestand:
Ableger maachen a Kinniginnenzellen anhänken
Varroabehandlung mat Ameisensäure mam Nassenheider Verdunster

17h00 Enn vum Séminaire

Fir Kaffi a a Gedrénks während de Pausen ass gesuergt.

Umeldung beim Sekretär Guy Schons, T. 35 61 62, Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein. 
Bedeelegung un den Onkäschten (Mëttegiessen a Gedrénks während de Pausen) 20 Euro, am Viraus ze iwwerweisen op den CCPL LU73 1111 0002 4349 0000. D’Iwwerweisung gëllt als Umeldung.
Aus praktesche Grënn ass d’Zuel vun den Teilnehmer op 40 begrenzt. Memberen vum Veräin hu Virrecht.