Praktesche Cours iwwert d’Zuucht vu Kinniginnen

De Beieveräin Capellen organiséiert och dest Joer ee praktesche Cours iwwert d‘Zuucht vu Kinniginnen, mat individueller Aweisung an d' Ëmlarven.
Den Cours ass den 26. Mee 2018 um 13h00 beim Jos Guth zu Trënteng (Trintange)
 
Zuucht vu Kinniginnen ass manner komplizéiert wéi dat oft duergestallt gëtt. De Jos weist eis, wéi een och als Imker mat nëmmen e puer Beievolleker mat einfache Mëttelen ka Kinniginnen ziichten.
 
Aus praktesche Grënn ass d ‘Zuel vun den Teilnehmer op 30 begrenzt. Eng Umeldung am Viraus ass dofir obligatoresch.
Umellen kann ee sech beim Guy Schons, bis spéitstens den 21. Mee (Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.).
D ‘Participatioun kascht näischt.
Fir Gedrénks während de Pausen ass gesuergt.