De Beieveräin Capellen organiséiert am November ee nationalen Hunnegconcours.

Matmaachen kann all Beienziichter, dee Beien zu Lëtzebuerg stoen huet. Mat dësem Concours wëlle mer d’Diversitéit an d’Qualitéit vum Lëtzebuerger Hunneg weisen, an de Savoir-faire vun de beschte Beienziichter belounen.
D‘Hunneger wäerten als éischt am Labo vum CARI an der Belsch analyséiert ginn. Bei der Dégustatioun évaluéiert de Jury d’Hunneger dann op Ausgesinn, Geroch, Konsistenz a Geschmaach. De Jury setzt sech zesummen aus Beienziichter, Vertrieder vun der Marque nationale, Konsumenten a Vertrieder vum Handel.

Matmaachen lount sech!

D’Beienziichter mat de beschten Hunneger kréien en Diplom (Gold, Sëlwer oder Bronze). De “Prix du Jury” belount besonnesch gutt oder originell Hunneger, an op all jonk Beienziichter (déi zanter manner wi 3 Joer Beien halen) woart ee “Prix d’encouragement”. Ze gewannen sinn och Akafsbongen vun eise Sponsoren am Wert vun iwwert 1.000 Euro. Eise Sponsoren am Viraus dofir ee grousse Merci!

Di feierlech Präisiwwerreechung mat Éierewäin ass de 24. November zu Kënzeg.

Aschreiwen kann ee sech nach bis den 30 September.